Vun "A" wéi "Af"… bis "Z" wéi "Zebra"!
Dëst Buch déngt als Aféierung an d'ABC, an dat op Lëtzebuergesch an op Däitsch. Bei all Buschtaf sti souwuel altersgerecht Beispiller (virun allem Nimm vun Déieren, mä och aner Begrëffer vum Alldag) ewéi och ee Saz, dee munchmol zum Zongebriecher gëtt!
All d'Beispiller si bewosst erausgesicht ginn, fir e fléissenden Iwwergang tëscht der lëtzebuergescher an der däitscher Sprooch ze erméiglechen.
Fir d'Kanner vum Cycle 1 an 2.