Sproochen
Heft mat CD
Auteur: Murielle LEMVOKAISBN 978-99959-899-9-676 Säiten1. Editioun: Januar 2018Sprooch: LëtzebuergeschFormat: 21 x 28 cm
Liwwerung bannent 7 Schaffdeeg.
Dëst Heft hu mir entworf, fir de Kanner spilleresch eenzel sproochlech a logesch-mathematesch Kompetenzen nozebréngen. D’Zil ass an éischter Linn, datt d'Kand Freed fënnt, fir mat der Sprooch ze spillen, se ze entdecken, ze manipuléieren an ze erweideren; datt et déi Inhalter, déi och am Préscolaire un et erubruecht ginn, op eng lëschteg Aart a Weis erfuersche kann, Inhalter wéi Buschtawen, Zuelen, Quantitéiten …
D’Übungen, vun enger Orthophonistin ausgeschafft, sinn op ganz präzis sproochlech a logesch-mathematesch Kompetenzen ausgeriicht, déi allerguerte wichteg sinn, fir de Primaire sou gutt wéi méiglech ze bewältegen: • mëndlecht Sproochverständnis• mëndleche Sproochausdrock• Métaphonologie, auditiivt Gediechtnis an auditiv Opmierksamkeet• Entdeckung vun der Schrëftsprooch• Pré-écriture• logesch-mathematescht Denken
This site uses cookies. Cookies help us give you a better experience on our site. By continuing to use our site, you are agreeing to the use of cookies as set in our Cookie Policy.
Accept