Vum Éislek bis an d’Stad ass et e gutt Stéck — virun allem, wann den Ëmwee duerch all eenzel Gemeng féiert.
Eng Course uechter d’Land op engem Spillbriet, dat duerch déi verschidde Variante souwuel fir déi méi Jonk ewéi och fir déi manner Jonk geduecht ass!
Fir 2 bis 6 Spiller. Vun 8 Joer un.
Erklärungen a Spillkaarten op Lëtzebuergesch.
Oft gestallte Froen
Ech hunn d'Spill a géif elo gären d'Spillblat eroflueden. Wou kann ech dat maachen?
Hei klicken! (PDF)
Vu wéi engem Alter u kann ee mam Gesellschaftsspill Uechter d'Land spillen?
Vun 8 Joer un.
Ass dëst Spill nëmme fir Kanner geduecht?
Nee! Eng vun de Varianten adresséiert sech souguer ganz explizit un déi Jugendlech an Erwuessen.
Wat genee ass mat Variant gemengt?
Et kann een op 3 verschidde Manéiere mam Gesellschaftsspill Uechter d'Land spillen. Net all Variant ass fir all Alter gëeegent. De grousse Virdeel ass, datt d'Spill sech esou ze soen de Spiller upasst.
Ass d'Spill och sécher?
Jo! Uechter d'Land gouf vun engem onofhängege Labo getest an erfëllt all d'EU-Normen, wat d'Sécherheet vun de Spiller a wat d'Präsenz vu Schadstoffer ugeet. Aus deem Grond gesäit een och d'Zeechen "CE" op der Këscht.
Wou gouf d'Spill hiergestallt?
Zu Lëtzebuerg! Aus deem Grond benotze mer de Label "Made in Luxembourg", deen no enger Kontroll vun der Chambre de commerce an / oder der Chambre des Métiers accordéiert gëtt.